
CYCLISSEM - CYCLOCROSS
De Raphaël Kockelmann gewënnt zu Schëffleng
RTL|Update: 22.01.2023 20:02
Play Video
Iwwerdeems ass de Ken Conter de 5. ginn an decidéiert domat de Skoda Cross Cup fir sech.
Um 15.15 Auer goufen d'Coureuren de Mëtteg op de Parcours geschéckt. Duerch de Schnéi an den Temperature liicht iwwert dem Gefréierpunkt war de Circuit extrem schwiereg a glat. Séier gouf ee sech bewosst, datt déi 2 Coureuren, déi d'lescht Woch nach ëm den Titel bei der Elite géintenee gefuer waren, och haut géifen eng Roll ëm d'Victoire spillen. Dat ganzt arbitréiert vum jonke Belsch Geoffrey Rausch am gielen Trikot. An den éischten 20 Minutten hunn d'Positiounen dacks gewiesselt a Kockelmann, Conter oder Rausch konnte sech keng gréisser Avance erausfueren.
D'Course ass beim Champion net zum Beschte gelaf. Dovunner wollt de Ken Conter profitéieren an huet forcéiert. Dat ass him gegléckt, mee nodeems hie 4 Tier virun Enn attackéiert hat, huet hien nëmmen en hallwen Tour drop vill méi lues misse fueren an hat Krämp.
Vun elo un war et eng Qual bis op d'Arrivée fir de Leader am Cross Cup. Um Enn ass eng 5. Plaz duergaange fir de Cross Cup ze gewannen. Anescht de Raphaël Kockelmann, deen an de leschten 2 Tier keng technesch Feeler méi gemaach huet an dem Rausch och physesch iwwerleeë war. Um Enn gewënnt hien dës lescht Course vun der Saison a ka sech feiere loossen, wärend den Geoffrey Rausch den 2. a beschten Espoir gëtt.
CYCLISSEM - CYCLOCROSS LG ALZENG
Victoirë fir de Sascha Weber an d’Lisa Heckmann
RTL|Update: 07.01.2023 22:30
Play Video
Nëmme 24 Coureure hunn e Samschdeg un dëser leschter nationaler Competitioun virum Championnat deelgeholl, ënnert hinne 5 Auslänner.
Ee vun hinnen, de Sascha Weber, gouf am Virfeld als de Favorit um Holleschbierg gehandelt. Den Däitsche war vum Depart un am Spëtzegrupp dobäi, hien huet seng definitiv Attack awer réischt bei hallwer Course gesat. Bis zu 50 Sekonnen ass hien op d’Konkurrenz erausgefuer, réischt am leschte vun deenen 8 Tier huet hien e bësse méi lues gemaach a gewënnt mat engem Virsprong vun 23 Sekonnen op deen Zweeten.
Ëm déi zweete Plaz war et déi ganz Course iwwer spannend. Ëm dës Plaz ass an der éischter Hallschent vum Cross de Mil Morang matgefuer, mee ee Problem mat senger Ketten am 5. Tour huet den Espoir vun Dippech vill Zäit kascht. Doduerch gëtt hien um Enn de 6. an zweetbeschten Espoir.
Op der zweeter Positioun hannert dem Sascha Weber hu sech de Ken Conter an d'Gebridder Raphaël a Mathieu Kockelmann ofgeléist. Am leschten Tour konnt de Ken Conter sech awer vu senge Konkurrenten ofsetzen.
Néng Sekonnen nom Ken Conter ass de Raphaël Kockelmann vu Chevigny als Drëtten iwwert de wäisse Stréch gefuer. Säi Brudder Mathieu vum CCI Déifferdeng gouf hannert engem Däitschen an der selwechter Zäit Fënneften a beschten Espoir. Dës Coureure suerge sécherlech e Sonndeg an enger Woch zu Mamer am Championnat fir Spannung.
Bei den Damme gouf et iwwerdeems eng Victoire vun der däitscher Cyclistin Lisa Heckmann. Och hei si mam Gwen Nothum an dem Mélanie Wünsch zwou Lëtzebuergerinnen op d’Plazen 2 an 3 gefuer.
CYCLISSEM - CYCLOCROSS
Mathieu Kockelmann an Isabelle Klein wannen zu Ettelbréck
Vu(m) Tom Flammang (RTL Télé)|Update: 18.12.2022 21:43|0 Commentaire(n)
De Crosscup zu Ettelbréck
Play Video
De Resumé vum Cross Cup zu Ettelbréck.
E Sonndeg de Mëtteg war zu Ettelbréck d'Suite vum Skoda Crosscup.
Beim Cyclocross Crosscup zu Ettelbréck huet sech bei den Hären de Mathieu Kockelmann d'Victoire virum Loïc Bettendorff geséchert. De Ken Conter ass op déi drëtt Plaz gefuer a bleift domat Leader am General.
Bei den Damme konnt sech d'Isabelle Klein behaapten, beschte Junior war den Noa Berton. Den Théo Da Costa Passetti war bei den Debutants de Séiersten, bei den Débutantes war et d'Kylie Bintz. Bei de Masters gouf et iwwerdeems eng Victoire fir den Tommy Arnoldy.
CYCLISSEM - REGIONALE CYCLOCROSS AM PRÉIZERDAUL
Belsch Mathijs Wuyts setzt sech virum Mats Wenzel duerch
RTL|Update: 11.12.2022 21:24
Cyclo-Cross am Préizerdaul (11.12.22)
1/104
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Bei den Damme konnt sech iwwerdeems d’Isabelle Klein behaapten.
Am regionale Cyclocross am Préizerdaul gouf et eng Victoire fir de Mathijs Wuyts. Hien ass virun de Lëtzebuerger Mats Wenzel a Mathieu Kockelmann iwwer d’Arrivée gefuer.
Play Video
Bei den Damme geet déi éischt Plaz iwwerdeems un d’Isabelle Klein, déi sech virum Liv Wenzel an dem Maïté Barthels duerchsetzt.
Beschte Junior war den Noa Berton a bei den Débutants gouf et eng Victoire fir de Jonah Flammang, wärend den Dany Papi de beschte Masters war.
CYCLISSEM - REGIONALE CYCLOCROSS
Succès fir de Belsch Elio Clarysse zu Zéisseng
RTL|Update: 27.11.2022 20:16
Play Video
Bei den Dammen huet sech d'Isabelle Klein duerchgesat.
Beim regionale Cyclocross zu Zéisseng gouf et eng Victoire fir de Belsch Elio Clarysse. De Ken Conter gouf den Zweeten an huet domadder seng Avance am Skoda Cross Cup ausgebaut. De Raphael Kockelmann ass haut op der 3. Plaz ukomm.
Bei den Dammen ass d'Isabelle Klein op der 1. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer. Bei den Débutants war de Flavio Astolfi de Beschten, de Noa Berton konnt eng weider Kéier bei de Juniore gewannen. Déi 1. Plaz bei de Masters war fir den Dany Papi.
CYCLISSEM - SKODA CROSS CUP
De Ken Conter gewënnt zu Munneref
RTL|Update: 23.10.2022 20:50
Play Video
Bei der 4. Manche vum Skoda Cross Cup huet sech de Lëtzebuerger mat enger Avance vu 4 Sekonne behaapt. Bei den Damme war déi 1. Plaz fir d'Isabelle Klein.
Bei den Hären ass hannert dem Ken Conter den Däitsche Jannik Harig op déi 2. Plaz gefuer. Hien hat e Réckstand vu 4 Sekonnen. De Raphael Kockelmann huet de Podium mat engem Retard vu 16 Sekonne komplettéiert.
D'Isabelle Klein huet sech souverän mat engem Virsprong vun 32 Sekonne virum Rosanne Breugelmans aus der Belsch behaapt. D'Layla Barthels ass 53 Sekonnen hannert der Gewënnerin iwwer d'Arrivée gefuer.
D'Victoire bei de Masters goung un den Tommy Arnoldi, wärend sech de Fynn Ury bei de Junioren déi 1. Plaz geséchert huet. Bei den Debutanten ass de Yannis Lang hannert dem Italieener Flavio Astolfi op déi 2. Plaz gefuer.
CYCLISSEM - CYCLOCROSS
Victoire fir den Hugo Boulanger zu Keel
RTL|Update: 16.10.2022 16:03
© Facebook/Skoda Cross Cup
Beim Skoda Cross Cup huet sech den Hugo Boulanger d'Victoire en solitaire geséchert. Bei den Dammen ass d'Isabelle Klein als Éischt iwwer d'Arrivée gefuer.
Um Samschdeg gouf op dësem Weekend déi éischt vun zwou Manchë vum Skoda Cross Cup zu Keel gefuer.
Bei der Elite bei den Hären huet sech den Hugo Boulanger mat enger Avance vun 1 Minutt a 9 Sekonne virum Lëtzebuerger Raphael Kockelmann duerchgesat. De Kockelmann huet sech am Sprint virum Fransous Theo Jung behaapt, deen sech déi 3. Plaz geséchert huet.
D'Isabelle Klein huet bei den Damme mat engem Virsprong vun 3 Minutten an 42 Sekonne souverän gewonnen. D'Liv Wenzel ass hannendrun iwwer d'Arrivée gefuer. De Podium gouf vum Anouk Schmitz mat engem Retard vu 5 Minutten an 20 Sekonnen komplettéiert.
De Lëtzebuerger Noa Berton ass bei de Junioren op déi 1. Plaz gefuer. D'Plazen 2 an 3 ware fir de Fynn Ury an de Fransous Thomas Auduc.
D'Victoire bei de Masters goung un de Claude Wolter, wärend sech den Theo Da Costa Passetti bei den Debutante hannert dem Belsch Jules Delcommune op der 2. Plaz klasséiert huet.
CYCLISSEM - URBAN NIGHT CROSS
Optakt vum Championat am Cyclocross
RTL|Update: 02.10.2022 19:12
© Screenshot
An de Stroosse vu Reckeng war um Samschdeg déi éischt Course vun der neier Saison. Bei schwierege Konditioune goung et duerch d'Nuecht.
Et war stackdäischter an de Stroosse vu Reckeng, wéi d'Espoiren an d'Elite-Coureuren op de ronn zwee Kilometer laange Parcours geschéckt goufen. Duerch de ville Reen war deen an de vergaangene Jore ganz séiere Parcours méi physesch a technesch ginn an huet de Sportler iwwer ronn 50 Minutten alles ofverlaangt.
Mam Jempy Drucker huet ee bei der Federatioun e Mann, deem säin Häerz um Cross-Sport hänkt. Am moderne Vëlossport huet dës Disziplin eng fest Plaz an dat soll och sou bleiwen.
An der Course vu gëschter sinn 2 Lëtzebuerger Elite-Coureure mat ëm d'Victoire gefuer. De Raphaël Kockelmann an de Ken Conter haten awer mam Fransous Enzo Chopineaux e staarke Konkurrent. Dee konnt sech lues a lues e puer Sekonnen Avance erausfueren an huet sech d'Victoire net méi huele gelooss. Hannendru war et spannend. De Raphaël Kockelmann war als Zweeten an de leschten Tour gaangen, de Ken Conter huet gekontert an sech déi zweet Plaz geséchert.
Bei den Espoire konnt sech de Jo Schmitz an der Mëtt vun der Course vum Lenny Kleemann ofsetzen an als Véierten am Scratch-Klassement seng éischt Cross-Victoire feieren.
Nächst Woch geet et mat de Crossen hei am Land weider, da steet d'Epreuve vum Dippecher Veräin zu Schuller um Programm.
Auch in der Saison 2022 / 2023 findet wieder der Skoda Cross Cup, eine Rennserie im Cyclo Cross in Luxemburg, statt. Was in der Saison 2016 / 2017 im Hinblick auch die Weltmeisterschaft in Bieles durch den Verband ins Leben gerufen wurde, hat sich seither immer weiter etabliert und erfreut sich in Luxemburg, aber auch im angrenzenden Ausland, immer größerer Beliebtheit. Auch in diesem Herbst und Winter werden wieder Sportlerinnen und Sportler in 5 Alterskategorien um Punkte und die begehrten Wertungstrikots konkurrieren. Den Anfang macht der „Urban Night Cross“ in Reckange sur Mess am 01.10.2022. Den Abschluss der Rennserie bildet dieses Mal der Cyclo Cross in Schifflange, der am 22.01.2023 und damit eine Woche nach der Nationalen Meisterschaft ausgetragen wird.
Skoda Cross Cup 23/24
Nach einem Jahr Pause ist der Skoda Cross Cup zurück.
Diese Rennserie besteht dieses Jahr wieder aus 9 Rennen, wobei der Sieger der Kategorie Elite/U23, sowohl bei den Männer als auch bei den Frauen, ein Jahr lang einen Skoda Fabia zur Verfügung gestellt bekommt.
Neu als Sponsor dabei ist die Immobilière Dan Beck, welche die Leadertrikots im Nachwuchsbereich (U23 und erstes Jahr Junior) zur Verfügung stellt.
Das erste Rennen findet am 24.10.2021 in Mondorf-les-Bains statt.
Weitere Details finden Sie auf dieser Seite.