top of page

1.

1. Race

30.09.2023  Urban Night Cross

2.

2. Race

15.10.2023 CT Kayldall

3.

3. Race

22.10.2023 UC Munnerëfer Velosfrënn

4.

5. Race

12.11.2023 Team SNOOZE-VSD

5.

6. Race

18.11.2023 CT Toproad / Armée Luxembourgeoise

6.

7. Race

26.11.2023 SAF Zéisseng

7.

8. Race

03.12.2023 LP07 Schifflange

8.

9. Race

10.12.2023 VV Tooltime Preizerdaul

9.

10. Race

17.12.2023 UCN Ettelbruck

10.

11. Race

07.01.2024 LG Alzingen

11.

12. Race

21.01.2024 VC Mamerdall

Skoda Cross Cup 23/24

Die Skoda Cross Cup ist zurück.

Diese Rennserie besteht dieses Jahr wieder aus 11 Rennen, wobei der Sieger der Kategorie Elite/U23, sowohl bei den Männer als auch bei den Frauen, ein Jahr lang einen Skoda zur Verfügung gestellt bekommt.

Weitere Details finden Sie auf dieser Seite.

Den Noa Berton iwwerrascht seng Konkurrenz

RTL | Update: 22.10.2023

Um Sonndeg war et déi 3. Manche vum Skoda Cross Cup, dëst Kéier zu Munneref.

Beim Skoda Cross Cup zu Munneref feiert bei der Elite/Espoirs de Noa Berton vum CT Atertdall eng Victoire. Den Espoir hat op der Arrivée e Virsprong vun 13 bezéiungsweis 16 Sekonnen op déi zwee Elite Coureure Ken Conter an Théo Jung. Op der 4. Plaz klasséiert sech de Fynn Ury.

Bei den Damme war d'Isabelle Klein dat Séierst. Op d'Plazen 2 an 3 klasséieren sech Gewn Nothum an d'Marie Zeimeth. Den Thomas Auduc gewënnt d'Course iwwer 14,70 Kilometer bei de Junioren, virum Yannis Lang an dem Lennox Papi. Bei

de Masters ka sech den Tommy Arnoldy virum Marc Indergand an dem Frédéric Liebaut duerchsetzen. Gewënner bei den Debutanten ass de Maximilien Outlet, virum Yanis Molter an dem Dawson Fehlen Pereira.

Zu Keel gouf et eng Victoire fir de Ken Conter

RTL | Update: 16.10.2023

De Coureur vu Snooze-VSD konnt sech als Solist virum Noa Berton duerchsetzen. Bei den Damme konnt sech d‘Maïté Barthels duerchsetzen.

36 Coureure sinn e Sonndeg de Mëtteg un den Depart gaangen. Mat der gëfteger Montée d'Léifreschen erop an deem techneschen Deel duerch de Bësch huet de Parcours de Sportler alles ofverlaangt. Ouni de Loïc Bettendorff deen déi bis elo déi gefuere Crossen hei am Land gewonnen hat konnt gespaant sinn wien dee beschte wir.

Am Ufank huet sech eng spannend Course ugedeit, Den Noa Berton an de Ken Conter ware mat den 2 Fransousen Jung a Chopineaux vir, a kruten e bësse mei spéit Gesellschaft vum Arno Wallenborn. Leschtgenannten ass awer no hallwer Course duerch technesch Problemer nees zréckgefall. De Jonken Noa Berton war deen éischten deen d`Konkurrenz getest huet an ass sech eng kleng Avance erausgefuer. Dono koum awer de Konter vum Ken Conter an deen huet d`Virentscheedung mat sech bruecht.

De Ken Conter huet et fäerdeg bruecht an engem Tour Differenz ze maachen an huet séier 30 Sekonnen tëscht sech an d'Konkurrenz bruecht.

Déi 2 lescht Tier iwwer de Parcours ware kee Problem fir de Ken Conter. Mat senger éischter Victoire fir des Saison gëtt hien och neie Leader am Skoda Crosscup. Mat engem zolitte Sprint konnt de Noa Berton den Enzo Chopineaux op déi 3. Plaz verweisen. Nächst Woch ass mam Cross zu Munneref déi nächste regional Epreuve.

Bei den Damme konnt sech d'Maïté Barthels virun hirer Schwëster Layla an dem Laura Piernet aus Frankräich behaapten.

Gewonne gouf de Cross vum Ken Conter an dem Maïté Barthels

36 Coureure stoungen e Sonndeg bei der Elite a bei den Espoiren op engem technesche Parcours um Depart.

Loïc Bettendorff wënnt den Urban Night Cross

Tom Flammang | Update: 02.10.2023 18:04

E Samschdegowend gouf zu Recken op der Mess d'Cyclocross-Saison agelaut. De Parcours goung iwwer 2,3 Kilometer duerch den extra beliichten Duerfkär.

Den éischte Cyclocross vun der Saison war direkt e ganz speziellen: en Nuetscross. Bei dëser Editioun waren nees vill Coureuren um Depart, net manner wéi 127 Sportlerinnen a Sportler, an d'Wieder hat matgespillt, sou dass sech vill Spectateuren zu Recken op der Mess versammelt haten.

Bei der Elite war et bis zum Schluss eng enk a spannend Course, wou och d'Lëtzebuerger Raphaël Kockelmann, Ken Conter a Loïc Bettendorf am Spëtzegrupp matgemëscht hunn. Am leschten Tour huet de Loïc Bettendorf forcéiert a konnt d'Konkurrenz distanzéieren. Mat e puer Sekonnen Avance huet de Bettendorff sech op der Ligne d'arrivée presentéiert an ass domat den éischte Leader vum Skoda Cross Cup. De Fransous Gathier Rouxel gëtt Zweete virum Ken Conter.

General Classification
0H1A6203.JPG
Best young rider
0H1A6209.JPG
bottom of page